Mir sinn fir Iech do
Di aktuell Situatioun fuerdert eis all solidaresch a respektvoll ze handelen. Net ëmmer ass dat einfach. Mir verbréngen elo vill Zäit doheem mat eiser Famill oder awer eleng. Mat Momenter kënnen Konflikter an der Koppel entstoen, Onsécherheeten oder souguer Verzweiwelung kommen op.
D’FMPO (Centre Ozanam) lauschtert all Fra no, beréit an ënnerstëtzt si fir dës aussergewéinlech Situatioun ze meeschteren.
Mir sinn fir iech do : 406001-310
lu-ve • 08h:00 – 12h00 • 13h00 – 17h00
D’Kanner ginn elo net an d’Schoul. Vill Zäit mat senge Kanner ze verbréngen ass flott mee kann och Stress op béide Säiten ausléisen. D’FMPO (Coplus) ënnerstëtzt elengerzéiend Mammen oder Pappen a steet hinnen mat Rotschléi an dëser mat Momenter belaaschtender Zäit zur Säit.
Mir sinn fir iech do : 406001-313