Am Kader vun enger Restrukturéierung sicht d’Maison Saint Joseph diploméiert a graduéiert Erzéier*innen fir hiren Dages- a Nuechtaccueil am Beräich vun der akuter psychosozialer Kris (AUSC) ze verstäerken.
Gesichte Profil:
• Diplom als Erzéier*in (een zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als gradué oder diplômé)
• Staark psychosozial Kompetenzen an eng héich Stressresistenz
• Sécheren Ëmgang mat Krisen, Eskalatiounen an emotionalem Leed (Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Deeskalatioun, Trauma- an Erliefnespedagogik si vu Virdeel)
• Fäegkeet fir strukturiert, reflektéiert a teamorientéiert ze schaffen
• Erfarung am Noutaccueil, psychiatreschen, résidentielle oder therapeutesche Kontext ass e kloere Virdeel
• Beherrschen vun der Lëtzebuergescher, Franséischer an Däitscher Sprooch
• Verantwortungsbewosst, fäeg souwuel autonom wéi och an der Ekipp ze schaffen
• Führerschäi B
Mir bidden:
• Onbefriste Kontrakt (CDI) – 40 Stonnen/Woch
• Eng héich sënnvoll, awer och usprochsvoll Aarbecht
• Fachlech Ënnerstëtzung, Supervision an Teamreflexioun mat interessanten Formatiounen
• Attraktiv Aarbechtsbedéngungen no dem CCT-SAS Kollektivvertrag (Karriär C4 oder C6)
• Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn
• Een ofwiesslungsräichen Aarbechtsalldag
Intresséiert?
Wann Dir bereet sidd, Verantwortung an schwierege Momenter ze iwwerhuelen an Jugendlecher a Kris professionell ze begleeden, da sidd Dir bei der Maison Saint Joseph richteg. D‘Kandidaturen mat Referenznummer, Liewenslaf, Foto a Kopie vum Diplom, kënnen u follgend Adress geschéckt ginn: ressourceshumaines@fmpo.lu.


